Skip to main content

CONFÉDÉRATION DE LA TOITURE

Notice nécrologique Fred Weber

Léiwen Fred,

Deng ganzt Energie hues du däin Liewen laang an den Déngscht vum Handwierk an besonnesch vum dengem Daachdeckerbetrib gestach. Duerch deng Motivatioun, deng Hëllefsbereetschaft an deng positiv Astellung zur Aarbecht waars du ee Virbild net nëmmen fir deng Mataarbechter, mä och fir deng Confrère’en. Vill Zäit hues du och geopfert fir d’Interessen vum Daachdecker am Verband vun den „maîtres couvreurs“ ze verdeedegen an als Member vun der Examenskommissioun war et dir eent wichtegt Uleies fir jonk Leit auszebilden an fir den Beruff ze begeeschteren. Mir soen dir Merci fir all déi flott Zäit déi mir hunn dierfen mat dir verbréngen. Merci fir deng Convivialitéit, Merci fir deng Empathie, Merci fir däin Engagement.

Deng Kolleeginnen an Kolleegen aus dem Comité vun der Confédération de la Toiture.


Share